Menu


Blog



Adventure Camp

Den Adventure Camp huet gutt ugefaangen

Agedro den 17.07.2016 vum Valerie Klein


Ukomm zu Wäicherdang, hei uewen am schéine Norden, hu mir eis gutt agelieft. Nodeems mir vun der Kichen Owesiessen kruten, hu mir eis kennegeléiert an d’Zelter sinn ageriicht ginn, dono waren mir kuerz beim Lagerfeier an dunn ass et och schonn an déi éischt Nuecht am Zelt gaangen.

Samschdes stoung den Extreme um Programm, wou déi Jugendlech hu missen den Russen hëllefen fir e Mordfall opzedecken. Mëttes hunn si dunn Mathëllef vun verschiddenen Tournoien, wei Counterstrike oder engem Parcours erausfonnt firwat den Ivan ëmbruecht ginn ass.

Haut, konnten si dunn tëscht 4 verschiddenen Workshopen wielen. Am Videoworkshop goufen flott Reklammen, Interviewer an Reportagen gedréint. Dann konnte si och zesummen mat den 2 Kichencheffen e 3-Gängemenü fir de ganze Camp fir owes kachen. Deen 3. Workshop war e Siebdruck Workshop, bei deem si moies fir d’éischt e puer Biller mat Hëllef vun der Siebdruck Technik gedréckt hunn ier dann mëttes eng “T-shirten-Fabrik” opgemaach ginn ass an si T-shirten fir de ganze Camp gedréckt hunn. Dann waren awer och nach fläisseg Baumeeschterinnen a meeschter um Wierk fir aus Paletten super flott Sëtzer ze bauen.

Wei et muer weider geet,verroden mir iech nach net, mee souvill sief verroden et steet vill Action um Programm!

DSC_1715.JPG DSC_1822.JPG DSC_1878.JPG DSC_1890.JPG
Dësen Artikel gouf bis elo 1808 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Den Adventure Camp huet gutt ugefaangen"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie

6.01.2018 - 07.01.2018
Nuetsraid

20.01.2018 - 21.01.2018
Theater op der Kolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...